top of page
20230327_jessica_bella _monty_9710-1.jpg

Wéi verleeft e Shooting?

Am Ufank schwätze mir ganz entspaant zesummen - iwwer Whats App, Messenger, Telefon, SMS oder E-Mail.
 

Mir kucken, wat s du dir virstells, ob et eventuell kleng Eegenheete bei dengem Déier ginn an natierlech wou a wéini de Shooting soll stattfannen.


Ech kenne vill schéi Plazen an a ronderëm Steesel, kommen awer och ganz gär op eng Plaz, déi fir dech eng speziell Bedeitung huet.


Et ass natierlech flott, wann däin Hond e puer Grondkommandoe kennt –

mee et ass absolut kee Muss. Ech passe mech ganz un dech an däin Déier

un a schaffen ouni Zäitdrock. Et soll fir jiddereen eng schéin a roueg Zäit sinn.


Déi meescht Shootingen daueren tëscht 1 an 2 Stonnen.

Bei schlechtem Wieder gëtt de Shooting natierlech gratis verréckelt.
 

No dem Shooting kriss du no e puer Deeg eng Auswielgalerie per Link geschéckt, mat de beschte Biller, déi ech fir dech erausgesicht hunn.


Do kanns du deng Favoritten a Rou auswielen. Déi ginn duerno professionell verschafft a stinn dir dono als Download zur Verfügung.

 

Hues du nach Froen? Da mell dech ganz gär bei mir. 

bottom of page