top of page
G40A4186-Bearbeitet Kopie.jpg

Mat menge Muppen Monty, Bella an Timbo

_DSC7201ss.JPG
G40A3676-Bearbeitet Kopie.jpg
IMG_6868.jpg

Iwwer mech

Ech sinn d’Jessica – Fotografin mat engem grousse Häerz fir Déieren an éierlech Momenter.
 
Ech wunnen zu Steesel an meng Léift fir Déieren, d’Natur an d’Fotografie begleet mech schonn mäi ganzt Liewen. Schonn als Kand war ech faszinéiert vun allem, wat kreativ ass, an ech hunn dono eng Ausbildung als Grafikdesignerin gemaach. Iwwer 12 Joer hunn ech an deem Beräich geschafft – mee de Wonsch, mat Déieren ze schaffen, war ëmmer do.
 
Zënter ech 13 sinn, gehéieren Hënn zu mengem Liewen – ech kann mir e Liewen ouni si guer net virstellen.
 
Laang Zäit hunn ech meng Fotoe ganz einfach mam Handy gemaach, mee meng Passioun fir d’Fotografie ass ëmmer méi grouss ginn. Wärend dem Lockdown hunn ech endlech de Schrëtt gemaach a mir meng éischt Profikamera kaf – an do gouf et kee Réckwee méi.
 
Natierlech waren meng eegen Hënn meng éischt Modeller. Besonnesch d’Bella huet vill Freed drun ze poséieren an ass bis haut mäi klengt Fotomodel.
 
Duerch meng Aarbecht als Grafikdesignerin ass mir d’Bildbearbechtung liicht gefall – an ech entwéckele mech all Dag weider, mat vill Léift zum Detail.
 
D’Déierefotografie huet mech direkt begeeschtert. Et erfëllt mech, Hënn an hir Mënschen ze fotograféieren, hir Verbindung siichtbar ze maachen an dës besonnesch Momenter fir ëmmer festzehalen.
 
Zënter Abrëll 2021 sinn ech selbststänneg als Fotografin – an ech géif mech immens freeën, dech an däi Séilenhond kennenzeléieren.
 
Schreif mir gär fir méi Informatiounen – op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch 🤍

Kontakt

Jessica Rospek

info@mrsnaturephotography.com

Tel.: +352 621 736 767

  • Facebook
  • Instagram

Vielen Dank!

Kuck weg. an dengem
Spam no, wanns du op eng Aentwert wards

NEWSLETTER - bleib auf dem Laufenden über spezielle Aktionen:

Vielen Dank für das Abonnieren!

bottom of page